bénévole Yvette

Témoignage vun enger Bénévole, Yvette

"Benevolus bedeit gudde Wëllen, mee fir mech ass et nach vill méi, et ass dësen Wëllen ëmsetzen andeems ech de Leit aus dem Tricentenaire eng gutt Hëllef ka sinn, hir Wënsch - e lëschtegen Ausfluch, eng interessant Rees, e flotten Concert, eng dynamesch Sportaktivitéit - méi einfach ëmsetzen an hinnen esou d'Méiglechkeet ginn e puer flott an onvergiesslech Momenter ze genéissen.

Deen allerschéinsten Merci deen ech als Benevole ka kréien ass ee Laachen, ee Stralen, ee Wénken jo munchmol och eng Ëmaarmung. Deen allerschéinsten Merci deen si mär schenken ass eng onvergiesslech Erënnerung un si.

Merci fir déi schéi Momenter déi där mär alleguerten schenkt.

Share on facebook