bénévole Christian

Témoignage vun engem Bénévole, Christian

Témoignage vun engem Bénévole, Christian :

« Mäin Numm ass Christian ech komme vun Wëntger an hunn 58 Joer. Virun 3 Joer hunn ech d‘Pensioun kritt a well mäi Meedchen am Tricentenaire schafft, hunn ech mech do als Benevole gemellt.

De Fernand huet eng Begleedung gesicht fir akafen ze goen. Mir 2 hunn eis direkt gutt verstanen an ech gin eemol d’Woch mat him Kommissioune maachen. Duerno hëllefen ech dem Fernand nach seng Saachen araumen. Heiansdo gi mir eng Taass Kaffi drénken oder een Tour duerch de Park trëppelen.

Ech sinn och schonn e puermol beim 321 Vakanz als Begleetpersoun op Dagesausflich an enger Vakanz vun 3 Deeg matgaangen“.

 

Share on facebook